Produit Iwwersiicht
Leeschtungen
Beroodung & Plangung
Mat gudder Beroodung fänkt alles un. Well mir Äer Uspresch sou gudd wéi méiglech erfëlle wëllen, kommen mir gären bei Iech heem. Mir brengen eng Auswiel u Musteren mat an wielen zesumme mat Iech déi passend Stoffer an Materialer raus. Nodeems mir d’ Moossen geholl hun, machen mir Iech eng perséinlech Präisoffer.
Bitzen
Handwierk ass eis wichtig, well schéin Stoffer verdéngen eng besonnesch Behandlung. Mir bitzen Äer Ridoen & Storen per Hand an eisem hauseegene Bitzatelier.
Montage
Mir montéieren mat Afahrung. Egal ob Jalousien, Marquisen oder Rolloen – eis Profien kommen bei Iech. Sie montéieren Äeren neie Sonneschutz an déi verschieddenst Ridossystemer fachgerecht, vir daat dir laang Freed dorun hudd.
Buedemlëen
Vir daat dir op festem Buedem liewt. Ob Teppesch, Biobuedem oder Konschtstoff. Egal, wéi Dir iech äer Wunnräim virstellt, Dir wielt aus enger grousser Gamme vun Produiten. Mir këmmeren eis em dei professionell Verleeung. Dobei ennerstëtze mir iech vum Eweschhuelen vum ale Belag iwer d’ Virbereedung vum Ënnergrond bis zum eigentlechen Verlëen.
Polsteren
Vir daat Äer Miwelen wie nei wieken. Egal ob Canapé, Fotelle oder Stull – waat och emmer dir erneieren wëllt, Dir wielt aus enger grousser Gamme vun Stoffer, Faarwen an Materialer. Mir këmmeren eis em déi professionell Ëmsetzung. Dobei iwerhuelen mir alles – vum Eweschhuelen vum ale Bezuch iwwer d’Opbereedung vun der Polsterung bis zum fachgerechten Neibezuch.
Gestalten & Verschéineren
Heinsto sinn et déi kléng Sachen, déi engem Raum seng behaaglech Atmosphär gin. Kuscheleg Handdicher am Buedzemmer, schéin Këssen um Canapé an eng Bettwäsch, dei schon daagsiwer vum Dreemen azielt. Bei eis fannt Dir Wunn- a Wuelfilltextilien an verschiddenen Musteren a Faarwen. Sou kënnt dir mat stilvollen Accessoiren Äert Doheem nach méi gemittlech a wunnlech gestalten.
Botzen & Flecken
Schéin Sachen brauchen Pfleeg, vir daat dir laang Freed drun hudd. Dofir bidden mir Iech een Ënnerhaltsservice fir Äer Ridoen, Raffrolloen an Storen. Mir huelen Äer Ridoen rof, wäschen se an féieren néideg Reparaturen an eisem hauseegenen Bitzatelier duech. Natielech montéieren mir se och rem. An mir sin och do, wann Äer Markisen oder Rolloen mol een Problem sollten hun.
Iwwert eis
Zënter 1976 suerge mir fir liewenswäert, schéin an funktionell Räim. Bei Iech doheem, an Büroen, Hotellen an ëffentlechen Gebaier. DECOMA ass e lëtzebuergeschen Familljenbetrieb an gëtt zënter 2023 an zweeter Generatioun vum Lex Wagener mat sengem engagéierten Team geleed.
15 Expertinnen a Experten mat Afahrung fir schéin Wunnen si fir Iech an Äer Virstellungen do. Dobei ass fir eis keng Ufro ze speziell. Mir freen eis iwwer ausgefaale Wënsch an sinn och Spezialisten fir Gestaltungen ausserhalb vum Mainstream. Vum klasseschen Sonneschutz bis zu speziellen Buedembeleg bis hin zu liichten Ridoen – mir hunn sécherlech déi passend Léisung fir Iech.
“The details are not the details. They make the design.”
Charles EamesDesigner
Kontakt
Sou erreecht Dir eis:
T. +352 81 04 96
M. info@decoma.lu
29 avenue John F. Kennedy
9053 Ettelbruck, Lëtzebuerg
Google Maps
Mir besichen Iech och gär! Sou kënne mir Iech am beschten entspriechend Äerem Stil, Äeren Erwaardungen an den reimlechen Méiglechkeeten beroden.